PACKAGING

Made in & for Luxembourg

100% lokal

PACKAGING

Made in Luxembourg

100% Lokal

PACKAGING

Made in Luxembourg

100% Lokal

Als eenzege Produzent vu Verpackungen a Faltschachtelen zu Lëtzebuerg sti mir fir eng wierklech regional Produktioun an eng maximal Effizienz.


Ouni Ëmweeër an d’Ausland an ouni laang Liwwerketten profitéiert Dir vu lokalem Know-how, séiere Reaktiounszäiten a Produiten, déi wierklech zu Lëtzebuerg hiergestallt ginn.

lokal – séier – nohalteg – transparent – verantwortlech

Packaging made in Luxembourg

Ronderëm de Globus –
oder direkt virun Ärer Dier?


Wie sech fir lokal produzéiert Verpackungen entscheet, vermeit laang Transportweeër iwwer Kontinenter, spuert Zäit a Suen a reduzéiert de Energieverbrauch an d’Emissioune markant. Gläichzäiteg stäerkt Dir d’regional Wirtschaft a erfëllt wichteg Nohaltegkeetsziler.


D’Resultat: méi kuerz Liwwerzäiten, eng ëmweltbewosst Produktioun an dat gutt Gefill, op lokal Qualitéit ze vertrauen – eng richteg Win-win-Situatioun.

Dréckerei

Mir sinn zënter bal 50 Joer eng inhabergeféierte Dréckerei am Norde vu Lëtzebuerg, déi Traditioun an Innovatioun verbënnt. Dat séchert Aarbechtsplazen an der Regioun a dréit zur lokaler Wäertschafung bäi.

Packaging made in Luxembourg

Nohaltegkeet, déi wierkt


Mat eise lokal produzéierte Kartongsverpackunge verbesseren Entreprisen hir CO₂-Bilanz däitlech. Kuerz Transportweeër, effizient Prozesser an eng maximal Transparenz erlaben et, Nohaltegkeetsziler konsequent ëmzesetzen an d’Ufuerderunge vun der EU-Liwwerketterichtlinn zouverlässeg ze erfëllen an ze dokumentéieren.

Kuerz Weeër, grouss Wierkung


Eis Verpackunge ginn direkt zu Lëtzebuerg hiergestallt. Dat bedeit fir Iech: minimal Transportweeër, effizient Ofleef an eng Logistik, déi konsequent op Nohaltegkeet ausgeriicht ass.

Lokal kafen – lokal drécken


Firwat Kartongsverpackungen?

Karton ass einfach a qualitativ héichwäerteg ze bedrécken

Karton ass eng ëmmer méi dacks genotzt Alternativ zu Plastik

Karton, en Nieweprodukt aus der Holzveraarbechtung, gëtt nohalteg produzéiert an ass zertifizéiert

Karton ass e Hightech-Produkt: héichwäerteg, strapazéierfäeg a villfälteg anzesetzen

Karton kann bis zu 15 Mol recycléiert ginn

Made in Luxembourg
Printed in Luxembourg
Myclimate
FSC Logo
Made in Luxembourg
Printed in Luxembourg
Myclimate
FSC Logo

Dir interesséiert Iech fir eis Verpackungen?

Kontaktéiert eis.

Exepro Print & Packaging
Privacy Overview

This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.